Bedeitend Figur aus der LiteraturFilm iwwert d'Ingeborg Bachmann mam Vicky Krieps an der Haaptroll

RTL Lëtzebuerg
Nach haut zielt den Ingeborg-Bachmann-Präis als déi wichtegst Auszeechnung am däitsche Sproochraum.
Film iwwert Ingeborg Bachmann mam Vicky Krieps an der Haaptroll
D’Ingeborg Bachmann war eng vun de bedeitendste Figuren aus der däitschsproocheger Literatur. D’Margarethe von Trotta huet och elo hiert Liewe verfilmt.

Nom Katharina Blum, Rosa Luxemburg, Hannah Arendt, alles Figuren aus der Literatur- a Weltgeschicht, déi d’Denkweis vun der Allgemengheet markéiert hunn, ass et elo um Tour vun der Éisträichescher Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann. D’Margarethe von Trotta huet och elo hiert Liewe verfilmt. D’Haaptroll vun der Figur gëtt gespillt vun der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps.

D’Ingeborg Bachmann war eng vun de bedeitendste Figuren aus der däitschsproocheger Literatur. Ma wie genau déi éisträichesch Autorin war, bleift schwéier ze faassen. Eng Figur mat ville Facetten a Widderspréch.

De Film geet op d’Zäit zeréck, an där d’Ingeborg Bachmann mam schwäizer Schrëftsteller Max Frisch zesumme lieft. Eng Éier, déi esouwuel emotional wéi och intellektuell fir béid Protagonisten erausfuerderend ass. Eng Relatioun, déi d’Muechtverhältnis tëscht Mann a Fra spigelt an ënnersträicht, datt esou munch Verhalensmusteren och déi hellste Käpp net verschount.

De Film ass intim, éierlech an iwwerzeegt duerch e Cast, dee seng Partitioun op der enger Säit perfekt spillt, ma och authentesch verkierpert.

Ingeborg Bachmann ass zwar de Biopik iwwert eng Schrëftstellerin aus dem leschte Joerhonnert, d’Thematik ass awer och an dësem ëmmer nach ganz aktuell.

Back to Top
CIM LOGO