Berlinale 2024Filmfestival schéckt politesch Messagen an d'Welt eraus

Isabelle Henschen
Nieft Cannes a Venedeg ass d'Berlinale ee vun den dräi gréissten internationale Filmfestivallen an Europa an de politeschsten.
Berlinale 2024: Filmfestival schéckt politesch Messagen an d'Welt eraus
D’Berlinale ass ee vun den 3 gréissten internationale Filmfestivallen an Europa an de politeschsten. Och d’Invitéeë setze mat hiren Outfits gären en Zeechen.

“Die Berlinale hat viel, viel Platz für den Dialog der Menschen und Kunst. Aber sie hat keinen Platz für Hass. Hass steht nicht auf unserer Gästeliste”, sot d’Mariette Rissenbeek, déi zënter 2020 d’Directrice vun der Berlinale ass, wärend der Ouverture de leschten Donneschdeg. Iwwer 10 Deeg ginn 204 Filmer a verschiddene Kategorië gewisen. Dorënner och Long-Métragen an Dokumentarfilmer, déi a Konfliktzone gedréint an entstane sinn, wéi dem Iran, der Ukrain an am Westjordanland. Mat dem Choix vu Filmer, de Jurysmemberen, mee och de Rieden, wëll ee Messagen an d’Welt eraus schécken.

D’Presidentin vun der internationaler Jury ass d’Lupita Nyong’o. D’Schauspillerin mat mexikanesch-kenianesche Wuerzelen ass déi éischte Presidentin mat donkeler Hautfaarf. “Ech sinn houfreg e Symbol vu Fortschrëtt ze sinn”, seet d’Oscar-Gewënnerin, déi 2013 den Oscar fir déi beschte Schauspillerin an enger Nieweroll vun “12 years a slave” kritt huet.

Grand-Duché mat zwou Koproduktiounen op der Berlinale vertrueden

“De Fox an d’Fonsi retten de Bësch": D’Koproduktioun vun Doghouse Films start an der Kategorie Generation Kplus, an där och eng Kanner- a Jugendjury e Präis ka verginn, nämlech de gliesene Bier.

“Black Tea": D’Koproduktioun vu Red Lion start an der Haaptkompetitioun an ass an der Course fir e gëllene Bier.

Dës zwou Lëtzebuerger Koproduktiounen wäerten och um Lux Film Fest ze gesi sinn.

Lëtzebuerger Soirée an der Ambassade

Am Kader vun der Berlinale war e Meiden den Owend och déi traditionell lëtzebuergesch Soirée op der Ambassade zu Berlin. Hei treffe sech vill Leit aus dem Filmsecteur, fir sech auszetauschen. Mir hunn déi Geleeënheet genotzt, fir mam Guy Daleiden vum Filmfong iwwert d’Berlinale an d’Lëtzebuerger Presenz ze schwätzen.

Berlinale: Lëtzebuerger Soirée an der Ambassade zu Berlin
Am Kader vun der Berlinale war e Meiden den Owend och déi traditionell lëtzebuergesch Soirée op der Ambassade zu Berlin.

Back to Top
CIM LOGO