
De renomméierte Kënschtler Banksy hat dëst Wierk zu Éiere vun de Mataarbechter vum NHS gemoolt. Bei der Aktioun huet dat schwaarz-wäisst Bild “Game Changer” fir 16,75 Millioune Pond (19,45 Milliounen Euro) de Besëtzer gewiesselt. Geschat gi war de Wäert op 2,5 bis 3,5 Millioune Pond.
D’Bild, dat 1 Meterkaree grouss ass, houng zanter dem leschte Mee an enger Klinick am südengleschen Southampton. Dorop ze gesinn ass e Jong, deen eng kleng Infirmièrespopp mat Mask a mat engem Superhelden-Cape duerch d’Loft schwiewe léisst - wärend Poppe vum Superman a Batman niewendrun an der Poubelle leien.
An enger Nott un d’Spidolsmataarbechter hat de brittesche Streetart-Kënschtler deemools geschriwwen: “Merci fir alles dat, wat dir maacht”. Hie géif hoffen, dass d’Bild den Uert e bësse méi hell maache géif, och wann et just schwaarz-wäiss wier. Schonn deen Ament war kloer, dass d’Wierk spéider géif versteet ginn, fir Sue fir den NHS ze sammelen. D’Klinick sollt eng Reproduktioun behalen.
D’Wierker vum Banksy, deem seng Identitéit nëmmen engem klenge Krees bekannt ass, sinn immens begiert. Bis elo louch de Rekordpräis fir eent vu senge Konschtwierker bei 9,9 Millioune Pond. Déi Zomm gouf 2019 fir d’Bild “Devolved Parlament” bezuelt. Dorop ze gesinn ass dat brittescht Ënnerhaus, an deem Afen eng Debatt féieren.