D’Fotografin Anna Krieps spillt an hirer Konscht mat Realitéit a Fiktioun. Op eng poetesch Manéier hannerfreet si an hirer Aarbecht ënnert anerem dem Mënsch seng Plaz am Universum a seng Ambitioune fir nei Planéiten ze entdecken. Dem Kënschtler Marc Soisson seng artistesch Aarbecht baséiert op der Zeechnung. Mat Kuel a Minettpigment setzt hie sech mat der Persistenz vun der Geschicht auserneen.
Mat hirer Ausstellung “In between us” geet d’Fotografin Anna Krieps der Fro no, wou d’Grenz tëscht der authentescher Realitéit an enger falscher, vun de soziale Medie beaflosster Utopie läit. En Deel vun de Fotoen, déi an der Galerie “Nei Liicht” gewise ginn, huet si mat hirer Schwëster, der Schauspillerin Vicky Krieps, an engem Selfiemusée gemaach.
Fir eng aner Serie huet si mat hirem Zwillingsbrudder d‘Geschicht vum “Petit Prince” reinzeenéiert. Hir Reflexioune bréngt si awer net reng duerch hir Fotoen zum Ausdrock, ma och duerch filigran Broderien, déi hire Wierker a Geschichten eng weider Dimensioun ginn.
An der Galerie Dominique Lang kann een dem Marc Soisson seng Ausstellung “Into the void” entdecken. Hie setzt sech a senger Konscht virop mat der Matière Kuel an all hire Formen auserneen a kreéiert sou déi verschiddenst Zeechnungen an Objeten.
Ee Motiv, dat a senge Wierker ëmmer nees opdaucht, ass d’Spiral als archaesch Form, déi an der Konscht genee sou present ass, wéi an der Geschicht an an der Wëssenschaft.
Béid Ausstellunge kann ee nach bis den 21. Januar 2024 kucke goen.