
De Schrëftsteller Gilles Perrault, dee sech an de 70er Jore mat der Verëffentlechung vun “Le pull-over rouge” fir d’Ofschafe vun der Doudesstrof agesat huet, ass lo am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
Dat huet seng Famill der Noorichtenagence AFP géintiwwer confirméiert.
Hie war u sech Krimi-Auteur, hat dunn awer e Buch erausbruecht, dat ganz skeptesch mam Urteel vun engem Mann ëmgaangen ass, deen zwee Joer virdru mat der Guillotine higeriicht gi war an u senger Schold zweiwele gelooss huet.
1981 gouf d’Doudesstrof du bei eisen Noperen ofgeschaaft.