De Lëtzebuerger Museker a Grammy-Award-Gewënner Gast Waltzing ass virun allem emol en Jazz-Trompettist, mee hie wëllt méiglechst flexibel sinn a säi Public ëmmer nees iwwerraschen. Dës Woch war hien an der Philharmonie, mat senger neier Formatioun Quintett ze spillen.
Et war vun deenen éischten Téin u kloer - dat géing e relaxen Owend ginn. Jazz fir ze chillen a fir ze vergiessen, wat ronderëm alles lass ass. De Gast Waltzing hat e Projet am Kapp, awer réischt fir an engem Joer, mee Virus oblige.
Neie Projet, nei Ekipp vu Museker: Quintett, nieft dem Gast Waltzing nach 4 Museker mat Piano, Drums, Bass a Synthesizer.