Los AngelesGeorge Clooney an aner Schauspillkolleege grënne Filmakademie fir Jugendlecher

RTL Lëtzebuerg
D'Roybal-Schoul fir Film- a Fernseeproduktioun soll besonnesch Schüler aus akommesschwaache Familljen en Zougang an d'Filmwelt erméiglechen.
© AFP

“Eist Zil ass et, d’Vilfalt vun eisem Land besser erëmzespigelen”, sou de Clooney, “dat bedeit, fréi z’erkennen. Dat bedeit, High-School-Programmer z’entwéckelen, déi Jugendlech iwwer Kameraen, Schnëtt, visuell Effekter, Toun an all Karriärsméiglechkeeten ënnerriichten, déi dës Branche ze bidden huet.”

Um Projet sinn, nieft dem George Clooney, ënner anerem vill Schauspiller dobäi, déi aus Marvel-Superheldefilmer stamen, wéi den Don Cheadle, ma och d’Eva Longoria. Lass goe soll et am Hierscht 2022 an der kalifornescher Metropol an d’Schoul soll duerno schrëttweis vergréissert ginn.

D’Schüler sollen an der Theorie a Praxis vum Filmhandwierk ausgebilt ginn an och Stage kënne maachen, fir esou de Wee fir “gutt bezuelten Jobs” an der Branche fräi ze maachen. Un den ëffentleche Schoulen zu Los Angeles gi ronn 650.000 Schüler enseignéiert. Vill vun hinne kommen aus akommesschwaachen afroamerikanesche Familljen oder Latino-Familljen.

Hollywood war an de leschte Joren ëmmer méi kritiséiert ginn, dass Persounen, déi Mannerheeten ugehéieren ënnerrepresentéiert sinn. 2015 ass an deem Kader d’Campagne #OscarsSoWhite lancéiert ginn, eng Kritik, dass besonnesch wäiss Actricen an Acteuren e Kinopräis kréien.

Back to Top
CIM LOGO