Artbox vum 11. Dezember am ReplayGilles Grethen

RTL Lëtzebuerg
E Portrait vum Museker Gilles Grethen, d'Ausstellungen am Casino, der Galerie Schlassgoart zu Esch an de Coup de coeur.
ArtBox
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

Den Jazz-Gittarist Gilles Grethen steet nach um Ufank vu senger musikalescher Karriär, ma mat sengem Quartett huet hien elo schonn den zweeten Album released mam Titel «State of mind».

“The Never Never” esou heescht déi nei Ausstellung am Casino an der Stad. Hannert dem Projet stécht den englesche Kënschtler Jeremy Hutchison.

An der Galerie Schlassgoart kann een den Ament der Lëtzebuerger Kënschtlerin Catherine Lorent hir Wierker entdecken. D’lescht Joer war si d’Laureatin vum Prix Grand-Duc Adolphe.

Zur gudder Lescht presentéiere mir Iech de Coup de Coeur vun der Kultur-Redaktioun. Déi Kéier gëtt de Schluss vum Joer mat Vaague, Klein an Herr Bender zelebréiert.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO