Realisateur vu "Buona Domenica"Gino Santini am Alter vun 88 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Gino Santini gouf den 28. Abrëll 1935 zu Roum gebuer. Gestuerwen ass hien den 28. Januar 2024 zu Lëtzebuerg.
D'Emissioun Buona Domenica aus dem Mäerz 1993
D’Sendung gouf op RTL diffuséiert.

Den Italieener war Realisateur bei RTL an ass bekannt ginn duerch d’Emissioun “Buona Domenica”. Vu 1982 ass d’Sendung an italieenescher Sprooch op RTL gelaf, dat an Zesummenaarbecht mam Auslandsprogramm vun der RAI.

De Jos Pauly an den Gino Santini hu mat “Buona Domenica” Sonndegmëttes d’italieenesch Famillen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun bei der Tëlee zesummebruecht. Grouss Vedetten aus Italien ware reegelméisseg op Besuch an der Villa Louvigny an de Studioe vun RTL. D’Sendung ass bis 1993 gelaf.

Back to Top
CIM LOGO