
Wéi de Verwaltungsrot vun der ASBL Kulturhaus Nidderaanwen um Méindeg de Moien matdeelt, gouf den Giovanni Trono als neien Direkter vum Haus ernannt. Virdrun war d'Stéphanie Neiers Direktesch.
De Lëtzebuerger Museker huet zu Bréissel Kommunikatioun studéiert, war laang mat deenen ënnerschiddlechste Projeten am Ausland aktiv a war bis viru kuerzem Responsabel vum Museksdepartement bei Kultur | lx.
Am Pressecommuniqué heescht et:
"Den Giovanni Trono huet eng déifgräifend Kenntnis vun der lëtzebuergescher Kulturlandschaft, ergänzt duerch eng staark international Erfarung. Seng Expertisen a seng Fäegkeet, Partner zesummenzebréngen, wäerte wichteg Stäerkte sinn, fir déi nächst Etapp an der Entwécklung vun der Institutioun ze begleeden."
Ausserdeem heescht et, den Giovanni Trono wéilt d'Kulturhaus als oppent Haus an als Platz fir Experimenter weiderentwéckelen an déi lokal Zeen, jonk Kënschtler, esou wéi den internationale kulturellen Austausch fërderen.
Den Giovanni Trono fänkt dann de 15. September als neien Direkter am Kulturhaus Nidderaanwen un.
