"Histoires urbaines" vum Romain UrhausenGrouss Expo an der Stater Gare

Sandy Elsen
15 groussformateg schwaarz-wäiss Fotoen vum Romain Urhausen ginn et an der Stater Gare ze entdecken.
"Histoires urbaines" vum Romain Urhausen
15 groussformateg schwaarz-wäiss Fotoen vum Romain Urhausen ginn et an der Stater Gare ze entdecken.

De Romain Urhausen gëllt als ee vun de kreatiivste Lëtzebuerger Fotografen aus senger Zäit. Nodeems am Summer ganzer 87.000 Visiteuren säi fotografescht Wierk bei deene bekannte “Rencontres d’Arles” entdeckt haten, stellt d’Associatioun Lët‘z Arles elo, an Zesummenaarbecht mat den CFL, eng Selektioun vu senge Wierker zum Thema “Histoires urbaines” aus. Ze gesinn ass dës Ausstellung an der Verrière vun der Stater Gare.

15 groussformateg schwaarz-wäiss Fotoen vum Romain Urhausen ginn et an der Stater Gare ze entdecken. Wierker déi de Passanten urban Geschichten aus europäesche Stied erzielen.

De Groussdeel vum Romain Urhausen senge Fotoen sinn tëscht 1950 an 1970 entstanen.

Hie war ee Meeschter, wann et dorëms goung, fir dat Bizaart an dat Ongewéinlecht aus der Stadlandschaft ervirzehiewen.

D’Gare bitt dem Projet deen ideale Kader, virop well dësen ëffentleche Raum all Mënsch en onageschränkten Zougang zum Romain Urhausen senger Fotografie erméiglecht, ob Residenten, Frontalieren oder internationale Reesender.

D’Ausstellung an der Verrière ass nach bis den 13. November ze gesinn.

Deen nächste grousse Projet ëm dee bekannte Lëtzebuerger Fotograf, wäert 2023 an der Galerie Schlassgoart zu Esch presentéiert ginn. Eng Ausstellung, déi de Public dann dem Romain Urhausen seng vill aner Talenter a kreativ Disziplinnen entdecke léisst.

Rencontres d’Arles: De Festival fir Fotopassionéierter aus aller Welt

Back to Top
CIM LOGO