De Kino huet sech zanter sengen Ufäng 1895 stänneg weider entwéckelt an nei erfonnt. Nom Toun, dem Faarffilm, dem 3D a mëttlerweil och dem 4D, ka sech de Public zu Lëtzebuerg elo op eng nei Form vu Kino freeën.
“IMAX. Plus Grand, plus fort.” Sou kënnegt de Kinepolis um Kierchbierg seng neisten Offer un. Gemengt ass d’Installatioun vun enger ganz neier Technologie am Sall 1, déi dem modernstem Standard entsprécht.
Lautsprecher ronderëm de Sall erméiglechen eng total Immersioun. Och hannert dem Ecran beschalle Moniteuren de Sall mat Vibratiounen.
De groussen Optakt mécht den Owend d’Projektioun vum leschte Film vum Martin Scorsese, Killers of the Flower Moon. Vun dann un heescht et am Kinepolis all Dag wuertwiertlech grousse Kino.