E Film-Klassiker feiert seng 36 JoerHaut ass den "Dirty Dancing Dag"

RTL Lëtzebuerg
Op engem 21. August 1987 ass dee wuel bekanntsten Danz-Film eng éischte Kéier an den amerikanesche Kinoen ze gesinn: Dirty Dancing.
Jennifer Grey
Jennifer Grey

Mir ginn zréck an de Summer vum Joer 1963. Dat 17 Joer jonkt Frances Houseman, genannt “Baby”, verbréngt hir Vakanz mat den Elteren an der Schwëster an de Catskill Mountains. Do léiert si den Danzproff Johnny Castle kennen. Op enger Party kommen déi zwee, gespillt vum Jennifer Grey a Patrick Swayze, sech méi no.

Dirty Dancing soll un ee Filmmusical erënneren, den Danzstil un d'60er Joren. Fir de Film koum e Museksalbum eraus mat 14 Lidder drop, dorënner aler an neier. Zu deene 7 neien hu gehéiert: “Hungry Eyes” vum Eric Carmen, “She’s Like the Wind” vum Patrick Swayze an natierlech den Titelsong “I’ve Had The Time of My Life”, gesong vum Bill Medley am Duett mam Jennifer Warnes. 1988 krut dat Lidd dann och en Oscar.

Et wollt een an den 2000er Joren un de grousse Succès vun “Dirty Dancing” aus de spéiden 80er uknäppen, allerdéngs ouni groussen Erfolleg. E Musical, deen um Film baséiert hat 2004 zu Sydney Weltpremière an am selwechte Joer ass och en zweeten Deel vun “Dirty Dancing”, deen op Kuba spillt, am Kino gelaf. “Havana Night” wéi d’Suite mat Ënnertitel geheescht hat, hat mat 27 Milliounen Dollar awer nëmme ronn 10% vum Boxoffice vum Original gemaach.

Eng 3 Stonne laang Neiverfilmung vum Original war 2017 am Mee op der amerikanescher Tëlee ze gesinn, ass vun de Kritiker awer gréisstendeels zerrappt ginn. Villäicht geet et deem Film jo da besser, deen als Adaptatioun soll 2024 an de Kino kommen. Do soll d’Jennifer Grey och nees als Actrice ze gesi sinn.

Jennifer Grey
Jennifer Grey

Am September 2009 ass de Patrick Swayze gestuerwen

Back to Top
CIM LOGO