Moler a KonschtenseignantHenri Kraus am Alter vun 81 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Konschtzeen trauert ëm den Henri Kraus: De Moler a Konschtenseignant ass am Alter vun 81 Joer verscheet.

Den Henri Kraus, deen 1943 zu Hollerech op d’Welt koum, huet seng Konscht-Etuden zu Nanzeg gemaach. Ënnert anerem war de Kënschtler Member vum Cercle Artistique a krut 1975 de Prix Grand-Duc Adolphe.

Fir d’bronze Prometheus-Skulptur, déi virum Stater Kolléisch steet, stoung den Henri Kraus als deemolege Schüler Modell.

An engem Noruff erënnere Frënn vum “Krausen Heng” drun, datt hien a jonke Joren den Auguste Tremont kannt huet, iwwert deen hien och eng Theese geschriwwen huet.

Als een, dee säi Liewe laang fir d’Konscht gelieft huet, huet den Henri Kraus iwwer Joerzéngten am Stater Arts et Métiers enseignéiert.

Back to Top
CIM LOGO