
D’"Wanted Posse"-Danz-Kompanie ass 1993 vum Ahmada Bahassane lancéiert ginn an huet zanterhier international Unerkennung bei Danz-Battles kritt. Hire Stil, dee si als eng Mëschung aus Hip Hop Newstyle, House- a Breakdance beschreiwen, konnt een och schonn a Kollaboratioun mat bekannte Kënschtler, wéi dem Madonna oder dem Robbie Williams, gesinn.
2001 krut de Grupp dunn och beim “Battle Of The Year” de Weltmeeschter-Titel an Däitschland zougesprach. D’lescht Joer hunn déi dräi Generatioune vun Dänzer dunn zesummen den 20. Jubiläum vun der franséischer Danz-Kompanie gefeiert.
Nodeems si mat hirer Kreatioun “Dance N’Speak Easy” schonn iwwer 30.000 Spectateuren ugezunn hunn, komme si den 13. Januar elo op Lëtzebuerg fir hiert neit Stéck “Steps on Strings” zu Maarnech am Cube521 ze presentéieren. Ënnerstëtzt gi si dobäi op der Bün mat Live-Musek vum “Émana Quartett”, dee fir seng “Entwécklung vun eklektesche Projete” bekannt ass. Tickete ginn et hei.