Stones in Vibration zu BeefortHistoresch Kuliss trëfft op modern Musek

Patrycja Pruchenska
Mam neie Festival-Konzept sollen den touristeschen an de kulturellen Aspekt matenee verbonne ginn.

Zu Beefort sinn de Weekend historesch Maueren a modern Musek openeegetraff. Mam neie Festival-Konzept soll den touristeschen an de kulturellen Aspekt matenee verbonne ginn. Op der Bün stoungen dobäi souwuel national wéi och international Artisten.

Mat dobäi och d'Eva Marija. D'Sängerin, déi Lëtzebuerg beim ESC zu Wien vertrueden huet, trëtt zanter Juni reegelméisseg zu Lëtzebuerg op an huet de méi intime Kader vum Festival besonnesch geschat.

"Et ass eppes Besonnesches an esou engem intime Kader ze spillen. Vun der Bün aus gesäit een de Public, et gesäit ee wien nolauschtert, danzt oder matséngt. Ech hat d'Gefill, datt ech eng richteg Verbindung mat de Leit opbaue konnt", sou d'Sängerin. Besonnesch gefreet huet si sech doriwwer, datt si zesumme mat hirer Band konnt optrieden.

Fir eng kleng Eurovision-Reunioun war och gesuergt. Den Daniel Šiška, deen dëst Joer Tschechien um Eurovision Song Contest vertrueden huet, stoung nämlech zesumme mam Eva Marija op der Bün. D'Zesummenaarbecht ass dobäi éischter zoufälleg entstanen.

Nieft den internationale Gäscht hunn och Lëtzebuerger Artisten, dorënner den Dj Nosi, de Joël Marques a Francis of Delirium fir Stëmmung virun der Buerg gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO