Ausstellung fir déi jonk Fotografin Anne Speltz"I'm waiting for the happiness"

RTL Lëtzebuerg
Mat enger Bourse vum CNA konnt si bannen 2 Joer mat hirer Kamera Immigranten am Alldag begleede vu Griicheland bis a Bosnien an op Calais a Frankräich.
Ausstellung fir déi jonk Fotografin Anne Speltz
Mat enger Bourse vum CNA konnt si bannen 2 Joer mat hirer Kamera Immigranten am Alldag begleede vu Griicheland bis a Bosnien an op Calais a Frankräich.

Den Titel vun der Ausstellung, “I’m waiting fir the hapiness”, beschreift der Fotografin no dat Gefill, dat een huet, wann een op säi Gléck waart an een Erwaardungen huet, déi am Endeffekt net erfëllt ginn.

Mat enger Rees a Griicheland huet de fotografesche Projet vum Anne Speltz ugefaangen. Mat enger anerer Kënschtler-Kolleegin hu si e Flüchtlingscamp zu Chios besicht a sinn eng Woch bliwwen. Andréck, déi si markéiert hunn an duerch déi e Projet, deen iwwert Fotografie erausgeet, entstanen ass.

Si huet all den Immigranten déi selwecht Fro gestallt:Wat ass ären Dram? D’Äntwert gouf dann op en Ziedel geschriwwen a vun der Fotografin fotograféiert an och an d’Expo mat agebaut.

D’Fotografin huet de Choix gemaach, net direkt de Flüchtlings Camp ze weisen, mee méi subtil un d’Thema erun ze goen.

Den Titel vun der Ausstellung beschreift der Fotografin no genee dat Gefill, datt een op säi Gléck waart an een Erwaardungen huet, an déi am Endeffekt net erfëllt ginn.

Déi ergräifend Ausstellung vum Anne Speltz kann een nach bis den 17. Oktober am Cape zu Ettelbréck gesinn.

Back to Top
CIM LOGO