Déi internationaalst EditiounImpressiounen an d'Gewënner vum Prix Laurence 2022

RTL Lëtzebuerg
De „Prix Laurence“ ass zanter 7 Joer feste Bestanddeel vum "LiteraTour". Dëst Joer gouf en am Kader vun Esch2022 ofgehalen.
Prix Laurence 2022
De „Prix Laurence“ ass zanter 7 Joer feste Bestanddeel vum “LiteraTour”. Dëst Joer gouf en am Kader vun Esch2022 ofgehalen.De „Prix Laurence“ ass zanter 7 Joer

Dëse Weekend huet sech zu Beetebuerg, alt erëm, alles ëm d’Schreiwen an d‘Liese gedréit. E Samschden de Moie gouf den éischten Deel vum literaresche Concours „Prix Laurence“ fir d’12 bis 17 Joer al Participanten am Beetebuerger Kino “Ciné Le Paris” ofgehalen. 15 Finalisten hunn hir Texter virgedroen. Doropshi gouf de Publikumspräis verdeelt an de Jury huet seng dräi Gewënner an zousätzlech e Coup de Coeur an eng Mention spécial gewielt.

Den éischte Präis huet déi 16 Joer jonk Schülerin Marie Viry (Lëtzebuerg) fir hiren Text „L’apothéose“ mat Heem geholl. Den 2. Präis huet d’Aurelia Wells (Lëtzebuerg) fir säin “The poems inside” krut an den 3.Präis ass un dem Valentina Venti (Lëtzebuerg) säi “Rêverie: La perfection” gaangen. D’Maria Lucas Cruz (Portugal) krut vun der Jury de “Coup de Coeur"-Präis an d’Cherly Fairon (Lëtzebuerg) war d’"Mention spéciale du jury”. Mat 303 Stëmme war den Tiago Delgado (Portugal) ganz kloer de Gewënner vum Publikumspräis.

Um Sonnden de Moien ass et du beim Beetebuerger Schlass mat der Kategorie 18 bis 26 Joer weidergaangen. Och hei wier d’Decisioun net einfach gewiescht. Dowéinst goufe gläich zwee Finalisten zum Jury sengem"Coup de Coeur” gekréint: eng Kéier d’Zayn Rawil (Frankräich) fir hir Texter " Les peines hirondelles” a “Chère Isabelle Eberhardt”, an d’Lynn Rosa André (Lëtzebuerg) fir “An Elegy from the Riverbed”. D’"mention spéciale du jury” ass un den 23 Joer alen Dominykas Matulionis (Litauen) gaangen an de Publikumspräis huet de Linas Daugėla (Litauen) dovu gedroen. Déi drëtt Plaz huet de Camal Tahireddine (Lëtzebuerg) fir “L’Ère où la Lumière Réfléchit” a “Je mens” kritt. Déi zweet Plaz ass un de Jovaras Kelpšas (Litauen) a säi Rapp “Antys yr” gaangen. Schlussendlech konnt dem Ognyan “Flame” Darinov (Lëtzebuerg) säin englesch-italienescht Gedicht “The Laddie at the Lake” de Jury awer am Meeschte begeeschteren a gouf dofir mam éischte Präis ausgezeechent.

Am Ganze waren dëst Joer 239 Texter vun 168 Auteuren erakomm an et waren nach ni esou vill Nationalitéiten dobäi ewéi fir dës 7.Editioun. Niewent Lëtzebuerg an der Grande Région, waren nämlech och Auteuren aus Portugal, Italien a Litauen (déi mat Kaunas och eng europäesch Kulturhaaptstad dëst Joer hunn) ugereest.

De Plang ass et, och d’nächst Joer erëm international Schrëftsteller fir de „Prix Laurence“ z’invitéieren. An der Tëschenzäit kann een hei all d’Texter vun dëser Editioun duerchliesen.

Back to Top
CIM LOGO