Ausstellung iwwer Asteroiden am NaturmuséeIwwert Chancen a Risiken aus dem Weltall

RTL Lëtzebuerg
Wat geschitt, wann e groussen Asteroid d'Äert trëfft, dat hunn d'Dinosaurier materlieft oder besser gesot net iwwerlieft.
Ausstellung „Asteroid Mission“ am Naturmusée
Faszinatioun Asteroiden - Chance oder grousse Risiko fir d’Äert?

An der Ausstellung, déi nach bis August leeft, ginn 3 verschidden Theemen ugeschwat. Dat eent ass d’Meteoritten als Zäitzeie vun der Entsteeung vum Sonnesystem an ee gewuer gëtt, wéi eise Sonnesystem entstanen ass.

An engem weidere Volet geet et ëm d’Gefore vun de Meteoritten, esou de Physiker Eric Buttini, deen d’Astellung op d’Bee gestallt huet.

“Dat heescht, et geet emol drëm, fir d’éischt déi geféierlech Asteroiden, geféierlech Meteoritten ze entdecken, déi eng Gefor si fir d’Äerd. An dann eebe wat géife mer dogéint ënnerhuelen, fir dass de Meteorit eeben net op d’Äerd fält.”

Am drëtten Deel geet et iwwert dSpace Resources, hei wéilt ee probéieren, de Leit ze erklären, wat et bedeit Ressourcen aus dem Weltraum ze notzen, firwat wär et zum Beispill eng gutt Iddi et ze maachen.

E klengen Abléck an d’Ausstellung kritt een am Video.

Den Detail iwwer d’Ausstellung um Site vum Naturmusée

Back to Top
CIM LOGO