
De Michel Pilz gouf den 28. Oktober 1945 zu Bad Neustadt an der Saale an Däitschland gebuer an huet am Conservatoire zu Lëtzebuerg klassesch Klarinett studéiert. Dono huet hie sech dozou entscheet, an den Jazz ze wiesselen an huet sech 1988 dem Manfred Schoof Quintett ugeschloss, mat deenen hien duerch Europa, Asien a Südamerika getourt ass. Ëmmer nees huet sech de Michel Pilz bei neie Projete bedeelegt. Déi rezentste Band vum Jazz-Museker war e Quartett mam Klaus Kugel, Cristian Ramond a Peter A. Schmid.
Mëtt 2020 dunn huet de Michel Pilz nach an der RTL-Emissioun “Am Gespréich” en neie Projet mam Benoît Martiny annoncéiert gehat.
Iwwert d’Ëmstänn vum Doud vum Museker de 6. November ass aktuell nach net vill gewosst.