Si stellen zwou Generatiounen Jazz vu Lëtzebuerg duer.

Scho méi dacks stoungen déi Zwee zesummen op der Bühn, 2015 hunn de Bass-Klarinettist Michel Pilz an de Percussionist Benoît Martiny e gemeinsame Projet lancéiert, aus deem e Concert, dunn en Album an um Enn eng Residenz mat Optrëtt "Op der Schmelz" zu Diddeleng gouf. Enstanen ass d'Kompositioun "The Grand Cosmic Journey".
An dee Projet kritt elo en neit Kapitel mat dem Programm "Moon of Uranus" den 2. Mäerz an der Philharmonie. Wien do alles derbäi ass a wat soss nach u gemeinsamen Optrëtter vu Pilz-Martiny geplangt ass, erzielen déi zwee Museker am Gespréich.

AUDIO: Am Gespréich mam Benoît Martiny a Michel Pilz

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.