
Et ass dat éischt musikalescht Liewenszeeche vum Joel Marques nom Luxembourg Song Contest Enn Januar an der Rockhal.
Dat, wat de Sänger schonn e puer Mol ugedeit hat, ass dann elo a Musek ëmgesat ginn.
No senge Lidder Stranger a Believer (mat deem hie beim Luxembourg Song Contest ugetruede war) ass haut (23/02/2024) d’Ballad ALL IT TAKES erauskomm.

Fir d’Produktioun huet den Déifferdenger mam Tom Gatti (Unison Studios) zesummegeschafft. D’Lidd ass op de gängege Streamplattformen ze fannen.