
Den Hollywood-Star Jeff Goldblum war e Freideg de Mëtteg an der Konrad Bar & Café an der Uewerstad fir e Maufel z’iessen.
Wéi d’Julie Muller, Mataarbechterin vum Café, eise Kolleege vum RTL Today verroden huet, hätt den amerikanesche Schauspiller zesumme mat sengem Assistent giess. “Hie war immens héiflech a léif. Hien huet eis all no eisen Nimm gefrot an e puer Fotoe mat eis gemaach.”
De 70 Joer alen Oscar-Laureat, dee virun allem duerch seng Rollen a Filmer wéi Jurassic Park, Jurassic World oder Independence Day bekannt ass, ass och e begeeschterte Museker an ass e Freideg den Owend mat senger Jazzband “The Mildred Snitzer Orchestra” an der Philharmonie opgetrueden. Wéi et schéngt ass de Jeff Goldblum zu Lëtzebuerg immens beléift, well de Concert war scho Méint am Viraus ausverkaaft.
Vill Zäit huet de Museker an Acteur wuel net zu Lëtzebuerg verbruecht. Säin nächsten Optrëtt vu senger Tour war schonn e Sonndeg den Owend zu Amsterdam.