
Presidéiert gëtt e fir déi 74. Editioun vum US-amerikanesche Regisseur Spike Lee. Wéi d’Organisateure vum Festival an engem Communiqué ervirsträiche sinn d’Membere vum Jury, fënnef Fraen a véier Männer, vu fënnef verschiddene Kontinenter a siwen Nationalitéiten.
Mat am Jury sinn och déi franséisch-senegalesesch Regisseurin Mati Diop, de koreanesche Schauspiller Song Kang-Ho vum renomméierte Film “Parasite”, déi franséisch Sängerin Mylène Farmer, déi franséisch Schauspiller Tahar Rahim a Mélanie Laurent, déi amerikanesch Schauspillerin Maggie Gyllenhaal, déi éisträichesch Regisseurin Jessica Hausner an de brasilianesche Regisseur Kleber Mendonça Filho.