U sech war dem Raphael Gindt säi Plang, just senger Boma hiert Haus unzesträichen. Dunn huet en awer säi Studio hei ageriicht an dat war wuel den éischte Schrëtt Richtung eege Konschtgalerie, een Dram deen hien, zesumme mam Daniel Mac Lloyd, sech virun elo fënnef Joer mam “Kamellebuttek” erfëllt hunn.
“Wann een als Kënschtler wëll onofhängeg sinn, da muss de och kucke wéi s de et an Zukunft kanns bleiwen. Als Kënschtler ass de Marché scho relativ schwéier, mä mir hu probéiert eis zu zwee zesummenzedoen a wierklech ofzesetzen andeems mir eis selwer vertrieden an eiser eegener Galerie”, sou de Raphael Gindt. “Mëttlerweil si mir vill gewuess a schaffen zu 7 hei, wat et eis och erméiglecht eis eventuell nach besser ze vertrieden.”
Nieft hirer Konschtschoul an diverse Projeten ausserhalb vum kreativen Espace, organiséiere si och ëmmer erëm Ausstellungen, esou dann och fir hire 5.Jubiläum ze feieren. Mat dobäi sinn ënner anerem de Jo Malano, d’Lisa Junius, Kit Empire an och d‘Chiara Dahlem.
“Dës Ausstellung soll e bëssen e Réckbléck op déi lescht 5 Joer sinn”, erkläert den Daniel Mac Lloyd. “Mir hunn e puer Artisten agelueden, mat deene mir am Laf vun deene leschte Joer reegelméisseg zesummegeschafft oder déi Zäit kenne geléiert hunn an eis an Zukunft och freeën, mat deenen ze schaffen.”
D’Ausstellung “Esch23 – 5 Joer Kamellebuttek” kann een nach bis de 6.Januar zu Esch kucke goen. Méi Informatioune ginn et hei.