Eric Thill iwwer Sträit Weidig-SchneiderKënschtler menacéieren, verstéisst géint Wäerter vu Gesellschaft, sou Kulturminister

RTL Lëtzebuerg
De Kulturminister Eric Thill reagéiert op e Konflikt op sozialen Netzwierker tëschent dem Karikaturist Carlo Schneider an dem ADR-Deputéierten Tom Weidig.

Datt Kënschtler a Kulturschafender géinge menacéiert oder intimidéiert ginn, dat géif géint d’Valeure vun eiser Gesellschaft a géint d’Recht op fräie Meenungsaustosch verstoussen an dat wier eng rout Linn, sou den DP-Politiker op der Plattform X.

Hannergrond ass d’Heescheverbuet an de Vandalismus beim Inneminister Léon Gloden doheem.

De Carlo Schneider an den Tom Weidig waren deem Kontext wéinst enger Karikatur unenee geroden.

Back to Top
CIM LOGO