
Déi nei Richtlinnen hunn als Zil, "de mënschlechen Ursprong vum kënschtleresche Schafen" ze schützen, wéi d'Australian Recording Industry Association (Aria) en Dënschdeg matgedeelt huet. Dem Branchëverband no trieden d'Ännerunge schonn e Freideg a Kraaft. Deemno mussen d'Lidder, déi an den Charts landen, am Wesentleche vu Mënsche produzéiert gi sinn. Den Asaz vu KI wier zwar net verbueden, komplett vu KI erschafe Musek soll awer zukünfteg net méi an den Aria-Charts opgeholl ginn.
Am Juli war eng Cover-Versioun vum Madonna-Lidd "Like a Prayer" un d'Spëtzt vun den australeschen Chats gelant. Spéider koum eraus, dass de Gesang an d'Drums vu KI generéiert waren. Dee Mount haten e puer Branchëverbänn e System presentéiert, dee Musek kennzeechent, déi ganz oder deelweis mat Kënschtlecher Intelligenz gemaach gouf. De fräiwëllege System ass fir eng weltwäit Aféierung konzipéiert a kann och bei Streamingservicer agesat ginn.