
Wann een e Film iwwert esou eng bekannt Perséinlechkeet mécht, dann ass den Drock héich. Den Direkter vum Film Reinaldo Marcus Green huet zouginn, dass hien ufanks gezéckt hätt, fir de Projet unzehuelen. “D’Responsabilitéit war esou grouss, dass ech duecht ech wier verréckt, fir dat ze maachen.”
De Film handelt haaptsächlech vum Marley senger kreativer Zäit tëscht 1976 an 1978, an där hien den Album “Exodus” erausbruecht huet an hien domat zu engem Weltstar gemaach huet. Allerdéngs huet hien och vill dorënner gelidden a versicht sech ëmzebréngen. Am Alter vun nëmme 36 Joer ass hien u Kriibs gestuerwen.
One Love gouf ënnert anerem mat der Hëllef vu senger Wittfra Rita Marley a senge Kanner Ziggy an Cedella produzéiert. De Ziggy war schlussendlech och deen, deen den Accord ginn huet, dass säi Papp vum brittesche Schauspiller Kingsley Ben-Adir verkierpert gëtt. Dësen huet ënnert anerem och schonn d’Roll vum Barack Obama am Film “The Comey Rule” gespillt.
Weider soll de Film all d’Facettë vum Kënschtler weisen, déi gutt, wéi och déi manner schéin. “Jiddereen huet déi Virstellung vum Bob, engem léiwe, froue Mënsch am Kapp, mee nee - hie war net perfekt”, erzielt de Ben-Adir. “Mee seng Missioun war perfekt a seng Musek... et gëtt näischt Vergläichbares.”
Och d’Famill war domat d’Accord, déi méi schwéier Momenter aus sengem Liewen ze weisen. Ënnert anerem wier eng Zeen ze gesinn, an där de Bob an d’Rita sech doriwwer streiden, wéi vill si fir seng Karriär gemaach huet. “Dës Zeen huet eis vill privat Aarbecht mat der Famill kascht. Ech hunn esouvill Respekt fir si an hire Courage dëst ze deelen”, seet de Ben-Adir weider.
Kritiker soen dogéint, datt de Film näischt Neies weist an haaptsächlech vum Bob Marley senger Musek handelt. Vill Lidder lafen a voller Längt a wieren ënnertitelt. Wien de Kënschtler a seng Musek einfach nëmme feiere wëll, dee wier deemno richteg am Kinossall.