Am CasinoKonferenz-Zyklus iwwer Memes geet an d'zweet Ronn

RTL Lëtzebuerg
De 15. Dezember war d'Universitéitsprofessesch Dr. Anastasia Denisova zu Lëtzebuerg an huet d'Konferenz "Memes, Emotions and Why Things Go Viral" gehalen.
Konferenz-Zyklus iwwer Memes geet an d'zweet Ronn
De 15. Dezember war d’Universitéitsprofessesch Dr. Anastasia Denisova zu Lëtzebuerg an huet d’Konferenz “Memes, Emotions and Why Things Go Viral” gehalen.

D’Anastasia Denisova ass e “Senior Lecturer” a Journalismus um “Communication and Media Research Institute”, kuerz CAMRI, déi zur renomméierter University of Westminster gehéiert. Hir Spezialisatiounsgebidder sinn de Klimawandel an d’Medien, Internet Memes an Trends, déi viral ginn. Deemno ass et net verwonnerlech, dass si invitéiert gouf, fir eng Konferenz am Kader vum Casino hirem Konferenz-Zyklus “Exploring the In-Between: Haunting Ghosts, Fantasies, Emotions, Memory and Memes” ze halen.

Hei e klengen Interview mam Anastasia Denisova am Virfeld vun hirer Konferenz.

Kéint Dir eis e klengen Iwwerbléck ginn, wéi Memes zu deem kulturelle Phenomen gi sinn, deen se elo sinn?

D’Virgänger vum Meme sinn d’"Emoticons”, also den Arrangement vu Punkten, Kommaen a sou weider, déi am Endeffekt ausgesinn, wéi e Smiley, dee laacht, en Doute huet oder anerwäerteg Emotioune weist. Et kann een awer och Parallellen zéien zu de sougenannten “Demotivator” Posteren, déi an Nord-Amerika beléift waren an als sarkastesch Äntwert op dee „self-help“-Trend ze gesi sinn.
Memes sinn an den 2000er Joren un d’Rulle komm. Lassgaangen ass et an online Forumen, Chatte vun online Spiller a Fan Communautéiten. Du koumen Trends op ewéi Grumpy Cat, d’Willy Wonka Memes oder d’Meedchen, wat an d’Kamera laacht, wärend et hannert him brennt. Memes hunn ugefaangen, sech vun esou ville verschiddene Beräicher z’inspiréieren - vu moderner Pop Kultur bis hin zu der Vintage Pop Kultur - an d’Leit goufe vun deem Stuerm matgerappt.

Ginn et spezifesch Charakteristiken, déi e “gudde” Meme ausmaachen?

Memes sinn hallef-häerzeg Witzer, dat heescht si mussen iergendee humorvolle Statement hunn, mä et soll een dee Statement net als Witz erkennen. Da brauch een och Zousazinformatiounen, fir dass ee versteet wisou et soll witzeg sinn: Kontext, Aktualitéit, Pop Kultur oder aner spezifesch a relevant Referenzen.

Wat sinn d’Nodeeler vu Memes fir eis online Kultur?

Memes liewe vu Subjektivitéit an Emotiounen, dowéinst ass et schwéier fir seriö Problemer ze kommunizéieren oder en ausgeglachent Argument duerch e Meme ze vermëttelen.

Wisou gi mir esou emotional vu Memes matgerappt?

Memes intrigéieren eis a sinn interaktiv. Mir hunn de Besoin, erauszefannen, wisou dee Meme eis zum Laache bruecht huet. Se ginn eis e “Puzzle ze léisen”, souzesoen. Anerersäits, si Memes feste Bestanddeel vu verschiddene Sub-Kulturen. Wanns du zum Beispill ee bass, dee vill online Spiller spillt, géifs du op aner Memes reagéieren ewéi een, dee gäre Kachsendunge kuckt, a vis versa. Memes sinn eng Zort “inside joke”.

Wéi sidd Dir dozou komm, Memes an Trends, déi viral ginn, ze recherchéieren an Iech dorop ze spezialiséieren?

Ech kommen u sech aus dem Journalismus, a war virwëtzeg erauszefannen, wéi déi sozial Medien, den Discours ronderëm sozial Problemer, Kultur an Humor influenzéieren. Journalisten hu sos ëmmer déi Trends lancéiert a ware souzesoen d’"Gate Keepers”, mä mir liewen elo an enger neier Ära, wou jidderee bekannt ka ginn oder Opmierksamkeet kann op sech, säin Aktivismus, säin Agenda oder seng Parodië leeden.

Wat mécht dës Felder vun der Recherche, Ärer Meenung no, esou interessant?

Ech maachen hei eng Referenz un de bekannte Medien-Theoretiker, Jurgen Habermas, dee sot, dass déi sozial Medien zum ëffentleche Raum gehéieren. Se erlaben Participatioun an d’Contributioun vun esou ville verschiddene Leit aus der Gesellschaft, mä net vun all Mënsch an net an der nämmlechter Quantitéit. Ech hunn Campagnen, politesch Initiativen a kulturell Phenomener gesinn, déi duerch Memes an d’Viralgoen eleng, zu deem gi sinn, wat se elo sinn. Fir mech bedeit dat, dass mir dat Konzept musse verstoen, well et eventuell net just ee Witz ass, dee mir erëm vergiessen, mä eppes, wat d’Meenung vu Millioune vu Leit kann influenzéieren.

Wat kënne mir eis vun Ärer Konferenz am Casino erwaarden?

Ech erklären, wisou Memes esou vill Influenz an eiser Gesellschaft hunn, wéi Emotiounen eis Reaktiounen op d’Aktualitéit influenzéieren a wisou mir domat musse virsiichteg ëmgoen.

Wéi eng Memes hunn Iech a leschter Zäit am meeschten zum Laache bruecht?

Mir hunn d’Memes immens gefall, déi eis kuerzfristeg Premierministesch Liz Truss mat enger Heederzalot verglach hunn. Dee ganzen Trend gouf ausgeléist duerch ee Journalist vun “The Economist”, dee spekuléiert huet, dass d’Heederzalot méi laang iwwerliewe wäert, wéi d’Liz Truss Premier wäert sinn. Dunn huet eng aner Zeitung, “The Daily Star”, eng live Iwwerdroung gemaach an där si eng Foto vum Liz Truss nieft eng frësch Heederzalot gesat hunn. Dat gréngt Geméis hat eng blond Parréck opgesat kritt an den Titel vun der Iwwerdroung war: “Kann d’Liz Truss d’Heederzalot iwwerliewen?” D’Iwwerdroung gouf ronn 2,3 Millioune Mol gekuckt.
Déi Memes, déi mir gefall hunn, léine sech Formater, déi ee scho kennt, ewéi zum Beispill de Frënd, deen ofgelenkt ass, mä et sinn och nei Motiver opgedaucht, ewéi d’Heederzalot, déi an d’Plaz vum Liz Truss d’Ried an der Downing Street hält. Se hunn eng einfach a witzeg Approche zu enger absurder Situatioun an ech fannen et interessant ze gesinn, wéi eng Zort Referenzen d’Leit nëtze fir iwwer eng gescheitert, politesch Karriär ze schwätzen. Anerersäits, sinn d’Memes net sexistesch an dësem Fall, mä sinn e komescht - jo, scho bal absurd - Spill an deem eng kuerz-lieweg Regierung mat enger Heederzalot verglach gëtt.

Dat ass elo déi zweet Konferenz, déi am Kader vum Casino hirem Zyklus gehale gëtt. Méi Informatiounen zu dëser Konferenz an de Konferenzen, déi an deenen nächste Méint nach kommen, fënnt een hei.

Back to Top
CIM LOGO