Konschtauktioun an den USAKonschtsammlung vu Microsoft-Matgrënner bréngt Rekord vun 1,5 Milliarden an

RTL Lëtzebuerg
Déi grouss Konschtsammlung vum 2018 verstuerwene Microsoft-Matgrënner Paul Allen gouf am Auktiounshaus Christie's verkaf.
© AFP

Déi 60 versteete Meeschterwierker hunn am Ganzen iwwer 1,5 Milliarden Dollar abruecht - ëmgerechent 1,51 Milliarden Euro. En absolutte Rekord fir Christie’s.

Ënnert de Wierker war zum Beispill dem Goerges Seurat säin “Les Poseuses” dobäi, dat fir knapp 150 Milliounen Dollar verkaf gouf, souwéi dem Paul Cézanne säi “Mont Sainte-Victoire” fir 138 Milliounen an dem Gustav Klimts säi “Buchenwald” fir iwwer 104 Milliounen Dollar. Eng Foto vum Lëtzebuergesche Kënschtler Edward Steichen ass fir déi rekordverdächteg Zomm vu bal 12 Milliounen Dollar versteet ginn a gouf domat déi zweetdeierst Fotographie, déi jee versteet ginn ass.

Den Erléis soll dem leschte Wëlle vum verstuerwene Paul Allen no fir benevole Zwecker opgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO