JustizministèreKultur fir jiddwereen, och fir Leit am Prisong

RTL Lëtzebuerg
Nodeem et am Joer 2022 schonn emol en Appell gouf, fir dëse Projet ze realiséieren, an och ëmgesat gouf, gëtt elo déi 2. Editioun lancéiert.
© RTL

Am Joer 2022 goufe 4 Projeten zeréckgehalen a realiséiert. An och dëst Joer gouf nees en Appell lancéiert, fir Kultur-Projeten an de Prisong ze bréngen.

Dës Projete kënnen ëmmer Ëmstänn nämlech e positiven Impakt fir d’Prisonéier hunn. Dës kënnen nei Kultur-Aspekter an Expressiounsméiglechkeeten an esouguer nei Talenter oder Passiounen entdecken.

Dobäi kënnt, dass dës Projeten och eng Verbindung mat der Aussewelt ka schafen a sech méi mat sech beschäftegt gëtt, wat e positiven Effekt op de Prisonéier kann hunn.

D’Konditiounen an d’Krittären, fir bei sou engem Projet kënne matzemaachen, ginn et um Site vum Kulturministère.

Back to Top
CIM LOGO