Nei Regierung a PolenKulturminister ersetzt ëmstridde Konschtausstellung

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech hätt den Ignacy Czwartos seng Biller op der Biennale zu Venedeg ausstelle sollen. Eent dovu weist d'Merkel an de Putin, verbonnen duerch en Hakekräiz. Déi nei Regierung huet aner Pläng.

De Projet vum Ignacy Czwartos gouf an deene leschte Regierungswoche vun der Partei Recht und Gerechtigkeit (PiS) fir de polnesche Pavillon op der Biennale ugekënnegt. Nom Muechtwiessel a Polen huet déi nei Regierung ënnert dem liberale Premier Donald Tusk de Projet dunn allerdéngs gestrach. Doropshin hat de Kënschtler der Regierung “Zensur” virgeworf.

D’Ausstellung hat den Titel “Polnische Übungen in der Tragödie der Welt. Zwischen Deutschland und Russland” a géing aus 35 Konschtwierker bestoen. Eent dovu weist d’Angela Merkel an de Wladimir Putin, déi duerch en Hakekräiz matenee verbonne sinn. Allerdéngs ass et an der polnescher Konschtzeen op vill Kritik gestouss.

Mëtt Dezember gouf de Bartłomiej Sienkiewicz vum Donald Tusk zum neie Kulturminister ernannt an huet e Freideg matgedeelt, datt de Projet “ënner Berécksiichtegung vun de Meenungen a Stëmme vun der Communautéit” ausgetosch géing ginn.

Ersat gouf dem Ignacy Czwartos seng Ausstellung duerch e Video vum engem ukrainesche Kollektiv. An hirem Film “Repeat After Me” erënnere si un d’Ukrainer an engem Flüchtlingslager zu Lwiw an un de Krich.

Back to Top
CIM LOGO