Am Espace H2O"La Concierge" presentéiert éischt Kollektivausstellung

RTL Lëtzebuerg
Lancéiert gouf de Kënschtlerkollektiv vum Steven Cruz a Liliana Francisco viru ronn engem Joer.
"La Concierge" presentéiert éischt Kollektivausstellung
De 16. Dezember war am Espace H2O den offizielle Vernissage vun der éischter Ausstellung, déi sech “Lost Symbiosis” nennt.

De 16. Dezember war den offizielle Vernissage vun hirer éischter Ausstellung, déi sech “Lost Symbiosis” nennt. Wéi den Titel et scho seet, sollten déi néng Kënschtler sech vun der verluerener, tëschemënschlecher Connectioun inspiréieren. Heibäi hätte si awer vill Fräiraum fir Interpretatioun gehat, sou d’Organisateuren. D’Resultat ass eng faarweg Mëschung vu Fotoen, Molereien, Collagen, Installatiounen a villem méi.

Fir d’Kënschtler erauszesichen, hate si een “Open Call” lancéiert. Schlussendlech sinn elo néng Lëtzebuerger Kënschtler am Espace H2O ze fannen, ënnert hinnen d’Samantha Wilvert, d’Delphine Synadino, de Lascar, de Georges Waikel an de Luan Lamberty.

Nieft der Ausstellung u sech hu si och e ganze Programm mat diversen Diskussiounsronnen an Atelieren organiséiert. D’Ausstellung leeft nach bis de 14.Januar 2024. Méi Informatioune ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO