Déi franséisch Autrice ass bekannt fir hire markanten a liewege Schreifstil. Mam Theaterstéck “La Visite” kritt een en déiwen Androck an d’Gefillswelt vun enger Fra a Mamm.
Et ass en explosive Monolog, gespillt vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Rosalie Maes. En Text ouni Filter, wou sech d’Spannung lues awer sécher opbaut. “La Visite” stellt dat idealiséiert Bild vun der Mamm a Fro, erkläert d’Christine Muller, déi sech ëm d’Mise en Scène gekëmmert huet:“Et geet effektiv dorëms, datt et immens schwéier ass, deem idealiséierte Bild vun der Mamm gerecht ze ginn. An et mierkt een, wéi si sech am Ufank selwer d’Schold gëtt an awer och versteet, datt de Bléck vun der Gesellschaft op d’Mammen onfair ka sinn.”
Esou gesäit dat och d’Schauspillerin Rosalie Maes; “Et huet een e Bild, wat eng perfekt Mamm soll sinn, mee wann een dat mat de Männer vergläicht, déi jo och 50 Prozent domat ze dinn hunn, gëtt kloer, datt d’Bild vum perfekte Papp net esou definéiert ass. Einfach duerch déi Rollebiller, déi mir ëmmer nach hunn.”
Als Schauspillerin huet d’Rosalie Maes sech natierlech intensiv mam Text beschäftegt, ma an dësem Fall betrëfft et si awer och ganz konkret. D’Schauspillerin wäert nämlech och selwer an e puer Méint e Kand kréien: “An deem Moment wou d’Christine Muller mir déi Roll ugebueden huet war ech nach net schwanger. Dat heescht do war et och nach keen Thema fir mech, e bësse wéi bei der Fra am Stéck. Elo wou ech selwer e Kand kréien, sinn et lauter Froen, déi mech natierlech och beschäftegen. Froen, déi all Fra villäicht iergendwéi méi oder manner beschäftege wäerten.”
Theaterstéck “La Visite”, dat bis den 1. Februar am TOL gespillt gëtt, erzielt vun enger Fra, déi kuerz virun engem Nervenzesummebroch steet, erkläert Claudine Muller: “Si erwaart Gäscht, d’Cousinë vun hirem Mann. De Probleem ass just, datt hire Mann grad schafft an hiert Kand schléift. Si probéiert dann, déi Cousinen, déi si nach ni gesinn huet, ze ënnerhalen a si gëtt ëmmer méi éierlech iwwert hir nei Erfarung als Mamm.”