Konscht aus Lëtzebuerg Lara Weiler: Aus Léift zum Détail

RTL Lëtzebuerg
Ganz egal op figurativ, abstrakt oder verspillt, d'Inspiratioun an d'Ausdrocksforme vum Lara Weiler schénge grenzelos. En Elan, deen näischt dem Zoufall iwwerléisst.
© Lara Weiler

“Bei mir ass kee Stréch spontan” warnt d’Lara Weiler ee vir, wann ee si op de verspillte Charakter vun hirer Konscht uschwätzt, “virun allem wou ech ugefaangen hunn, huet et ëmmer geheescht, Klassesch Molerei wier den non plus ultra. Dat, wat et ze areeche gëllt.” Kee Wonner also, datt een an hirem breet gefächerte Repertoire ëmmer nach déi eng oder aner Nature Morte ze gesi kritt. Ma och do fënnt d’Kënschtlerin ëmmer nees e Wee, sech d’Spillreegelen unzëeegnen. An hire Biller ass et nämlech net onüblech niewent Drauwen, Äppel a Banannen och mol eng Zännbiischt ze gesinn.

© Lara Weiler

“Not macht erfinderisch”

Dunn koum de Studium un der Hochschule der Bildenden Künste Saar zu Saarbrécken an domadder e Schock, oder ewéi d’Lara Weiler et beschreift: “Eng déck an d’Schnëss. Well op eng Kéier huet et geheescht, datt et esou vill méi gëtt. Datt klassesch Molerei net onbedéngt den Top muss sinn, oder datt et esou en Top per se net wierklech gëtt.” Vun do u fänkt fir d’Lara Weiler eng Rees duerch verschiddenst kënschtleresch Formen a Phasen un.

© Lara Weiler

Engersäits bont Fraen, déi sech an akrobatesche Pose weisen, oder de Publik riicht an d’Ae kucken a beurteelen. “Deemools louch et mir als jonk Fra um Häerzen, mech mat Schéinheetsidealer, ewéi se virun allem op soziale Medie verbreet ginn, ausenanerzesetzen. Well se a mengen Aen e groussen Afloss op d’Selbstwäertgefill vun de Benotzerinnen hunn”, erënnert si sech.

© Lara Weiler

Ma du sollt sech d’Kënschtlerin enger méi humorvoller Ausdrocksform zouwenden. E Wandel, deen ewéi sou dacks mat den Aschränkunge wärend der Pandemie, zustane koum. “Mir duerften net eraus, net an d’Ateliere vun der Schoul. An vill Produiten, mat deenen ech schaffen, sinn esou gëfteg, datt ee besser huet, net am gläiche Raum ze schlofen.” Sou komm d’Iddi, sech mat Skulpturen ze beschäftegen, well “déi konnt ech béi mir doheem am Bakuewe maachen”, sou d’Lara Weiler. D’Resultat sinn eng sëlleg Rei u kecken, bonte Figuren, déi duerch hiert bizaart Optrieden opfalen.

© Lara Weiler

Dobäi ware virun allem hir Äschebecheren - genannt Äschebechä - gutt ukomm. “Ech fëmmen u sech net a wollt engem Kolleeg ee maachen. Ma dee koum esou gutt un, datt ech ugefaangen hunn, der ëmmer nees ze maachen.” Ma och hei huet der Lara Weiler hir Konscht e Wee fonnt - wann och net onbedéngt gewollt - sech vum Usus ze emanzipéieren. “Déi meescht Äschebecheren, déi ech verkaf hunn, gi vun de Leit benotzt, fir hir Bijouen ze raumen, well se hinnen ze schued sinn, fir se tatsächlech als Äschebecher ze benotzen.”

“We can be heroes”

Parallel dozou huet d’Lara Weiler hire Penchant fir klassesch Molerei net vergiess a virun allem net verléiert. Ma et wier net d’Lara Weiler, wa si och do d’Form net un hir Billersprooch adaptéiert hätt. “Mäin Haaptthema sinn Alldagshelden. Also Objeten, déi eisen Alldag prägen, verschéineren oder erméiglechen an déi eis seele wierklech opfalen. Dobäi géinge mir se direkt vermëssen, wann et se op eng Kéier net méi géing ginn”, erkläert si.

Hiert Markenzeeche sinn dobäi ouni Zweiwel hir Still, déi vu Kleeder bedeckt sinn. Et kennt een et, e Pullover ass ze gedroe fir zeréck an de Schaf, ma nach net knaschteg genuch fir an d’Wäsch a scho lande se op deem enge Stull, deen dann als Tëschestopp déngt.

Wat bei dëse Biller iwwerzeegt, ass de Sënn fir Mooss, deen d’Kënschtlerin un den Dag leet. D’Lara Weiler weess ganz genee, wéi vill vum Bild ganz ausgeschafft gehéiert a wéi vill nëmmen ugedeit muss sinn. Mir erënneren eis: kee Stréch ass dem Zoufall iwwerlooss. Dorausser resultéiere Biller, déi eebe genee dëse komplexen Tëschenzoustand vun de Kleeder festhält. Ewéi wann d’Vergaangenheet an d’Géigewaart op engem selwechte Bild festgehale wieren, eng Nuance de Wierker eng gewëssen Nostalgie verschaaft, déi u Romantik ugrenzt, obwuel een u sech ëmmer nach vun engem Koup Kleeder op engem Stull schwätzt.

© Lara Weiler

A genee hei schléisst sech de Krees, well ewéi bei den Nature Morten aus der klassescher Molerei - well och do ass et just e Koup Friichten op engem Dësch - ass et d’Maîtrise vun der Technik, op déi et ukënnt. An déi huet si jiddefalls. “Konscht lieft vun Detailer”, erkläert si virun, “dowéinst ass et mir esou wichteg, mech domadder ausenanerzesetzen. Am Enn geet et mir dorëms, Objeten an eeben Detailer fir de Publik interessant duerzestellen.”

An elo?

Béi esou engem gutt gefëllte Portfolio kéint ee sech froen, wat een nach alles erwaarde kann. D’Äntwert ass kloer: villes. Dëse Summer sollt d’Kënschtlerin hire Master an der Täsch hunn an dann heescht et: d’Lëtzebuerger Konschtzeen stiermen. Well fir si féiert kee Wee laanscht hiert Heemechtsland: “D’Zeen zu Lëtzebuerg huet sech iwwert déi leschte Joren därmoossen entwéckelt an et sinn esou vill spannend Mënschen involvéiert, datt ech mir dat net entgoe loosse wëll. En plus huet sech eng Galerie bei mir gemellt, déi interesséiert ass, mat mir zesummenzeschaffen.” Aus hiren Erzielunge léist sech also schléissen, datt et fir si am Grand-Duché nach bont zougoe wäert. An och do schéngt näischt dem Zoufall iwwerlooss ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO