
Wéi US-Medie beriche wier déi 65 Joer al Laura Lynch schonn e Freideg bei enger Frontalkollisioun am US-Bundesstaat Texas ëm d’Liewe komm. Den Autoritéiten no wier d’Lynch zum Zäitpunkt vum Accident net ugestréckt gewiescht a wier op der Plaz dout gewiescht.
Déi aktuell Besetzung vun der Band, déi zanter 2020 just nach “The Chicks” heescht, hu sech iwwert déi sozial Medien “schockéiert an traureg” iwwer d’Nouvelle gesot. D’Laura Lynch wier “een hellt Liicht” gewiescht an hätt dozou bäigedroen, d’Band zu deem ze maachen, wat se haut ass.
D’Laura Lynch war Sängerin a Bassistin an der Band, déi si 1989 zesumme mam Robin Lynn Macy an de Schwëstere Martie an Emily Erwin gegrënnt hat. D’Laura Lynch huet d’Band 1995 no dräi gemeinsamen Albe verlooss a gouf duerch d’Natalie Maines als Sängerin ersat, mat där d’Dixie Chicks Enn der 90er Joren hire groussen Duerchbroch haten. D’Dixie Chicks hunn an hirer Zäit 12 Grammys gewonnen a Milliounen Albe verkaaft.
2003 koumen d’Dixie Chicks an den USA fir eng Zäit a Verruff, nodeems d’Natalie Maines sech op engem Concert zu London kloer géint den Irak-Krich gestallt huet a gesot huet, si géif sech dofir schummen, datt den deemolegen US-President George W. Bush och aus Texas wier.