Mamer KinneksbondLe mensonge - Theater ëm Ligen a Wourecht

Sandy Elsen
De Florian Zeller gëllt als erfollegräichste franséische Géigewaartsdramatiker.
Le mensonge - Theater ëm Ligen a Wourecht
De Florian Zeller gëllt als erfollegräichste franséische Géigewaartsdramatiker.

D’Kinosversioun vu sengem Drama „The Father“ war, ënnert anerem, ganzer 6 Mol fir d’Oscaren 2021 nominéiert. Eent vu senge villen Theaterstécker, ass zanter gëschter Owend op der Bün vum Mamer Kinneksbond ze gesinn.

D’Alice an de Paul hunn hir bescht Frënn op en Owesiessen invitéiert. Kuerz viru knapp wëll d’Alice alles ofblosen, ma dofir ass et schonn ze spéit. Am Nomëtteg hat hatt beobacht, wéi de Mann vu senger laangjäreg Frëndin Laurence eng onbekannte Fra gekësst huet. D’Alice muss sech entscheeden: soll et senger Frëndin d’Wourecht zoumudden? Säi Mann mengt Nee. Ënnert der Regie vum Aude-Laurence Biver entwéckelt sech e raffinéiert Spill em Ligen a Wourechten.

An dësem Stéck stellen sech existenziell Froen: Wéi vill Wourecht verdréit eng Bezéiung oder eng Frëndschaft? Ass et net och munchmol besser ze léien? An dëser Adaptatioun, geet et awer och dorëms, wat e Säitesprong mat deem mécht, deen hannergaange gëtt.

„Le mensonge“ ass fir d’Spillzäit 20/21 déi leschte Produktioun vum Théâtre Ouvert Luxembourg. Corona-bedéngt kann d’Ekipp d’Saison net am eegenen Haus ofschléissen. Eng Situatioun, déi bei der artistescher Direktesch vum TOL, Véronique Fauconnet, ganz gemëschte Gefiller ausléist.

Gespillt gëtt nach bis de 27. Juni inclus.

Är Plaze kënnt Dir iwwer www.kinneksbond.lu oder www.luxembourg-ticket.lu reservéieren.

Back to Top
CIM LOGO