"Now and then""Lescht" Beatles-Lidd stiermt déi brittesch Charts

RTL Lëtzebuerg
D'Lidd "Now and then" vun de Beatles ass op dem beschte Wee, un der Spëtzt vun de britteschen Charts ze landen.
© AFP

D’Lidd ass de leschten Donneschdeg eréischt erauskomm. “Now and then” mat der Stëmm vum verstuerwene Sänger John Lennon ass op Plaz 42 an de UK-Single-Charts geklommen, dat no nëmmen zéng Stonne Verkafszäit. Official Charts Company erwaart sech, datt d’Beatles-Lidd an den neien Charts un d’Spëtzt klëmmt.

Ob et wierklech dozou kënnt, weist sech e Freideg. Sollt “Now and then” et op déi éischte Plaz packen, wär et schonn dat 18. Lidd vun de Beatles, dat sech op d’Plaz 1 setzt an hiert éischt zanter 54 Joer. 1969 hat “The Ballad of John and Yoko” d’Spëtzepositioun vun de britteschen Charts erreecht.

De Rekord wäerten Beatles mat “Now and then” awer och nach net briechen, well d’Rock’n’Roll-Legend Elvis Presley schonns 21 Nummer Eenten hat.

Back to Top
CIM LOGO