2018 krut de franséischen Auteur Nicolas Mathieu de renomméierte Prix Goncourt fir säi Wierk “Leurs enfants après eux”. De Schrëftsteller ass gebierteg aus de Vogesen a léisst seng Geschicht do spillen, vu wou hie kënnt, aus Loutrengen.
“Leurs enfants après eux” spillt an den 1990er Joren a streckt sech iwwer véier Summeren. Erzielt gëtt d’Geschicht aus der Vue vun e puer Jonker, déi an enger Géigend grouss ginn, wou d’Industriesitten zoumaachen, d’Sich no Aarbecht méi schwéier gëtt an d’Leit bis op Lëtzebuerg pendelen.
Fir d’Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang war d’Wierk déi richteg Geleeënheet, fir sech endlech e laange Wonsch z’erfëllen: eng Theater-Serie an e puer Episoden.
Zënter dem 12. Oktober leeft de Projet am Escher Theater. Den 22. Oktober kann een d’Intégrale - déi 4 Episoden hannertenee kucke goen.