
Den Alonzo King ass 1952 zu Georgia an eng Famill vu Biergerrecht-Aktivisten gebuer. Ee Beispill: säi Papp, de Slater King, war ee vun de Käpp hannert dem “Albany Movement”, deem säin Zil d’Gläichsetzung vun alle Matbierger vun Albany - New York - war. Deen Aktivismus ass och eppes wat um Alonzo King net spuerlos laanschtgaangen ass.

“Meng Eltere ware prett, fir dat ze stierwen, u wat si gegleeft hunn. Hiren Engagement fir d’Wourecht huet mech déif gepräägt. Wat s de sees, muss mat deem iwwerenee stëmmen, wéi s de däi Liewe liefs - oder soss schwätz net. Dat ass d’Base dovunner ginn, wéi ech mech behuelen an an dëser Welt kreéieren”, heescht et an engem Zitat vum LINES Ballet.
A kreéiert huet den elo 71 Joer alen Dänzer a Choreograph vill, ënner anerem seng Danz-Kompanie LINES Ballet am Joer 1982. Hir Stécker, fir déi si mat enger ganzer Partie Komponisten, Museker an och visuellen Artiste scho kollaboréiert hunn, thematiséieren dacks d’Zesummespill tëschent westlechen an ëstlechen Traditiounen, der Natur, den Elementer an dem Mënsch. Amerika, Frankräich, Schottland, Belsch an Italien sinn nëmmen e puer vun de Länner, an deenen d’Kompanie iwwer d’Jore schonn opgetrueden ass. Vum 29. November un kënnt Lëtzebuerg op déi Lëscht dobäi.
D’Stéck, dat een am Escher Theater ka gesinn, nennt sech “Deep River”.
“‘Deep River’ ass e Lidd mat Originnen an den afroamerikanesche musikaleschen Traditiounen, an et ass ee wuel bekannt a beléift spirituellt Lidd. D’Lyrics behandelen d’Sich no Trouscht, Confort a Fräiheet. Den ‘deep river’, also déiwe Floss, ass eng Zort Metapher fir de Parcours vum Liewen, dee mir duerchlafen, mat der Hoffnung, eng friddlech Plaz op der anerer Säit ze fannen”, sou den Alonzo King.
D’Choreographie gouf vum Alonzo King selwer kreéiert an d’Musek ass eng Kollaboratioun tëschent dem Komponist Jason Moran an der Grammy-Gewënnerin Lisa Fischer. Am Ganzen hu si dräi Joer um Stéck geschafft, deelweis och wärend der Pandemie.
“Wärend deenen éischten zwee Joer vun der Pandemie hu mir an eise ‘bubbles’ an de Studioen, an de Wise vum Golden Gate Park, engem Bauerenhaff an der isoléierter Wüüst vu Wickenburg Arizona an op anere Plaze geschafft, fir kënne weiderzeschaffen ouni vun der Pandemie beanträchtegt ze ginn. ‘Deep River’ ass d’Resultat vun dräi Joer Schafen op onkonventionelle Plazen”, erkläert den Alonzo King.
Trotzdeem ass d’Stéck voll vun Hoffnung. “Nieft de Kompositioune vum Jason Moran an der remarkabeler Stëmm vum Lisa Fischer hu mir spirituell Musek vun den Afro-amerikaneschen, Hindu a jüddeschen Traditioune mat agebaut. Zil dovunner war et z’ënnersträichen, wéi mächteg Inspiratioun, Hoffnung an Determinatioun sinn, besonnesch an esou schwéieren Zäiten. ‘Deep River’ rifft dozou op, positiv ze bleiwen, egal a wéi enger scheingbar onméiglecher Situatioun ee sech befënnt, an een deen aneren als eng Famill vu Séilen ze gesinn, fir déi ee genau sou vill Matgefill soll weise wéi fir sech selwer. Et ass e Libesbréif un eng Welt, déi voll mat Péng ass. D’Majoritéit vun der Danz-Companie ass och op der Bün - d’Stéck besteet aus Soloen a ‘pas de deux’.”
Méi Informatiounen zu “Deep River” ginn et hei.