Et gi weider Leit gesichtLoscht als Statist bei der Serie "Capitani Saison 2" mat dobäi ze sinn?

RTL Lëtzebuerg
D'Episode fir déi zweet Staffel vu Capitani gi bis de 24. Juni gedréint. Et ginn nach verschidde Profiller als Statiste gesicht.

Ënner anerem brauch een den 22. an 23. Abrëll 3 Männer, déi en eegenen Auto hunn. Fir de 27. Mee ginn 2 jonk Mamme gebraucht, déi eng Poussette (ouni Kand) kënne matbréngen an nees 4 Männer, déi en eegenen Auto hunn. An da fir de 24. Juni 6 Fraen a Männer tëscht 25 a 70 Joer, déi hiert eegent Material, fir ze fëschen, dobäi hunn.

Da brauch een awer och nach Hannergrondstatisten, dëst kënne Leit tëscht 18 a 70 Joer sinn, Frae wéi Männer, vun allen Originnen. Dëst fir Passanten, Clienten a Baren oder Restauranten, a sou weider ze spillen. Si gi gebraucht tëscht dem 22. Abrëll an dem 24. Juni.

All d’Detailer, wéi och den Doodle-Agenda, wou ee sech umelle kann, fënnt een um Facebook vu Casting-Lux.

D’Facebooksäit vu Casting-Lux mam Opruff

Back to Top
CIM LOGO