Pascal Schumacher"Luna": Den neien Album vum Lëtzebuerger Vibraphonist an der Philharmonie

RTL Lëtzebuerg
De Vibraphonist Pascal Schumacher huet en neien Album eraus bruecht an ass domadder op Tour.
Pascal Schumacher
“Luna": Den neien Album vum Lëtzebuerger Vibraphonist an der Philharmonie

Viru kuerzem war hien an der renomméierter Elbphilharmonie zu Hamburg. An elo kritt een d’Chance déi nei Kompositiounen hei am Land ze héieren.

De Pascal Schumacher huet 2020 säin éischten Solo Album Sol eraus bruecht. Elo ass de Pendant «Luna» do. Di magesch Amenter beim Sschreiwe waren virun allem an der Nuecht :

Do kënnt een op eemol heiansdo a sou Momenter, wou een an engem Hallefschlof ass, mee nach am Gaang ass, Musek ze maachen. Den Dag drop erkennt een net erëm, wat do passéiert ass an et kann ee sech net ëmmer sou gutt erklären, dass een dat selwer gemaach huet. Dat sinn heiansdo erstaunlech gutt Iwwerraschungen an ech si mer Honnert Prozent sécher, dass keen dertëschent hei am Sall war a mat menger Handschrëft eppes notéiert huet.

De Pascal Schumacher ass net deen eenzege Museker, deen um Album ze héieren ass. Säi Klackespill, de Synthesizer a seng grouss Léift, de Vibraphon sinn ënnerluecht mat Sträicher vum Echo Collective :

Dat gëtt natierlech eng speziell Touche, mee och mat hinne sinn du Saache passéiert, well mer relativ schnell super gutt eens gi sinn a si och alles immens schnell an der Këscht haten, wat ech wollt ophuelen. Ech hat méi Zäit geplangt, wéi ech gebraucht hunn. Du si mer weider gaange, dunn hu mer improviséiert, dunn hu si sech och e bësse lâchéiert an doduerch si Saachen entstanen, déi och elo am Concert kënne passéieren, wou ech awer à la Base guer net domadder gerechent hunn.

Wéi de Museker mat “Sol"op Tour war, hat e schonn Iddie fir d’Wierker fir den nächsten Album Luna. Och hei ginn ëmmer erëm Klangwelten opgebaut a fale gelooss. Musek, bei där een einfach d’Aen zoumaachen a sech verléieren kann.

Déi nächste Statioun vum Pascal Schumacher senger Tour ass dann elo hei zu Lëtzebuerg am grousse Sall vun der Philharmonie.

An deem Sall dee mer et waarm em d’Häerz gi léisst well de Sall einfach eng Chaleur ausstraalt di een net op ville Platze fënnt.

Ween dës Experienz selwer wëll maachen, kann de Pascal Schumacher a säin neie Album “Luna” zesummen mam Echo Collective also dëse Samschden an d’Philharmonie lauschtere goen.

Back to Top
CIM LOGO