Duerch d’Intentioun Lëtzebuerger Fotografen eng Visibilitéit a Südfrankräich ze ginn, huet sech deemools d’asbl Lët’z Arles gegrënnt. D’Struktur professionaliséiert an entwéckelt sech zënterhier an elo koum en neie Schrëtt dobäi mam LUPA. De Luxembourg Photography Award bitt en encadréierte Programm fir d’Participatioun um Festival.
127.000 Visiteure gouf et d’lescht Joer op de Rencontres photographiques. Den Direkter vum Festival Christoph Wiesner huet op der Pressekonferenz verroden, datt d’Lëtzebuerger Ausstellung vum Romain Urhausen d’lescht Joer déi meescht besichten Expo um ganze Festival war an dat mat ëm déi 80.000 Visitten. An déi Aarbecht, déi d’Associatioun Lët’z Arles elo zënter 7 Joer mécht, nämlech d’Artisten encadréieren an e professionelle Kader ubidden, ass elo mam LUPA endlech gedeeft ginn.
D’Florence Reckinger-Taddeï – Presidentin Lët’z Arles:
“Mir hu fonnt, datt dat en Numm bräicht, ausserhalb vu Lët’z Arles, déi de Projet droen, well et d’Kommunikatioun ronderëm d’Ausstellung zu Arles, zu Lëtzebuerg an d’Publikatioun vum Buch vereinfacht. An doniewent weist et och de Prozess vun der Selektioun, wat awer immens wichteg ass. D’Artiste goufe vun enger Jury selektionéiert a si profitéiere vun engem Soutien.”
Dëst Joer ginn et zwee Laureaten. Den Daniel Wagner wäert vu Juli bis September um renomméierte Fotofestival mat sengem Projet “Opus incertum” ausstellen. An d’Rozafa Elshan huet eng Residenz vun 3 Méint zu Arles kritt, déi bei der Recherche-Aarbecht soll hëllefen.
D’Rozafa Elshan – Kënschtlerin:
“Ech sinn elo zënter enger Woch nees zréck. Ech war elo 3 Méint zu Arles an dat war immens spannend an et war eng wichteg Erfarung fir mech. Vue, datt ech mäi Master an der Recherche elo fäerdeg gemaach hunn, war et et schéinen Deplacement an de Süden, fir bësse Recul ze kréien.”
Den Daniel Wagener ass also mat senger Aarbecht den eenzege Laureat fir d’Ausstellung zu Arles. An domat ass et och déi éischte Kéier, datt just ee Kënschtler an der Chapelle de la Charité ausstellt.
Den Daniel Wagener – Fotograf:
“Ech maache gären Ausstellungen di ech selwer och géing kucke goen. Ech hu gär wann eng Ausstellung generéis, faarweg an deemno och bësse lëschteg ass.”
De Vernissage vum Daniel Wagner senger Ausstellung zu Arles ass de 5. Juli um Parvis vun der Chapelle de la Charité an d’Expo leeft da bis de 24. September.