
D'Preparatioune lafen op Héichtouren. Vereenzelt Lampione stinn an hänke schonn, un anere Konschtwierker gëtt nach geschafft, fir datt e Samschdeg alles prett ass. Nieft de Lampionen, déi an den Ateliers protégés vu Cooperations gemaach ginn, sinn och eng Partie Kreatioune vun nationalen an internationalen Artisten dobäi. Dëst Joer ass de Lien mat de Residenze vum Projet "Dialogue" gemaach ginn. De Marc Scheer, Coordinateur vun der Nuit des Lampions:
"Bei Dialogue ass et jo am Fong esou, datt mer elo am zweete Joer gesot hunn: Éischtens schaffe mer gär mat de Leit zesummen, fir och eng gewëss Nohaltegkeet an hir Projete kënnen eranzebréngen. Dat heescht, wa si Iddien hunn, datt se weiderhi kënnen dru schaf
fen. Awer och iergendwéi entsteet do eng aner Verbindung zum ganze Rescht vu Cooperations. An zum Deel sinn och Leit selwer op d'Iddi komm a hu gesot: Majo, mir géife gär u sech fir d'Nuit des Lampions eppes maachen. An dofir ass et elo bei deene meeschte Kënschtlerinnen dann eng Mëschung tëscht eegene Projeten a Projeten, déi se da fir d'Nuit des Lampions entwéckelt hunn."
Eng vun de sechs Kënschtlerinnen ass d'Lisa Junius, déi deelweis mat Vitrail a mat Keramik schafft. D'Violetta Abrava huet un enger immersiver Installatioun geschafft an huet dofir extra Lampione gebaut, an d'Julie Wagener schafft zum Beispill u Lightboxen, déi een e Samschdeg zu Wolz ka gesinn.
Eng grouss Ännerung bei dëser Editioun vun der Nuit des Lampions ass iwwerdeems, datt versicht gouf, déi grouss Infrastrukturen aus dem Jardin de Wiltz erauszehuelen. De Marc Scheer:
"Et wäert e klengt Karussell do sinn an et wäert en Zelt do sinn, wou den Jonn Happi dra spillt an aner Saachen organiséiert ginn, mee alles wat Bünen ass a sou weider ugeet, déi ginn aus dem Gaart erausgeholl, fir do wierklech eng Rou dran ze kréien a méi op dat Artistesch ze bauen."
D'Museksbün ass deemno net méi wéi gewinnt am Gaart, mee op der Place des Martyrs, mat ënnerschiddleche Concerten.
Josy Basar, eng Mëschung tëscht Pop, Chanson an Indie. Kazdoura ass eng Band aus Kanada mat méi engem orientalesche Sound. Ão ass eng Indie-Folk-Band aus der Belsch an Collignon kommen aus Holland a bréngen éischter Indie-Elektro-Sounds op Wolz.
Nieft Musek a Luuchtinstallatioune sinn dann och eng ganz Partie Performancë fir Grouss a Kleng programméiert. De Coordinateur vun der Nuit des Lampions, Marc Scheer:
"D'Compagnie Transe Express, dat ass eng vun deene gréissten Art-de-la-rue-Compagnien aus Frankräich, mat hire Poupées géantes, wat eng Opéra mobile ass, an dat ass de gréisste Spektakel, dee mer hunn!"
Vu 17 Auer un kann een e Samschdeg gesinn a materliewen, wéi sech de Jardin de Wiltz an d'Ëmgéigend an e mageschen an eenzegaartege Parcours verwandelen, bei deem Luucht, Konscht a Musek matenee verschmëlzen.
Ticketen fir d'Nuit des Lampions fannt der iwwerdeems am Virverkaf online, genee wéi och déi bescht Méiglechkeet, wéi een op Wolz kënnt an natierlech och den Detail vun der Programmatioun. Alles ënnert: www.ndl.lu