Concert zu LondonMadonna start Welttournée

RTL Lëtzebuerg
3,5 Méint no hirer Aliwwerung an d'Klinick wéinst gesondheetleche Probleemer huet d'Pop-Ikon Madonna hir Welttournée a Groussbritannien gestart.
© AFP

Fir den Optakt vun hirer “Celebrations"-Tournée stoung d’US-Sängerin Madonna e Samschdeg an der Londoner O2-Arena op der Bün. Déi 65 Joer al Musekerin trëtt an Europa an an den USA op.

Bei der éischter vu véier ausverkaafte Shows zu London hat d’Madonna mat technesche Probleemer ze kämpfen an hat hiren Optrëtt kuerz missen ënnerbriechen. Duerno huet awer wéi et schéngt alles geklappt an d’Sängerin huet hir Fans mat méi eeleren Hits wéi “Everybody” aus dem Joer 1982, “Holiday” vun 1983 an “Hung up” vun 2005 begeeschtert.

Mat der Tournée bléckt d’Madonna op hir 40 Joer laang Karriär zeréck. Si zielt zu de gréisste Popstare vun de leschte Joerzéngten an huet 14 Studioalbe verëffentlecht.

Back to Top
CIM LOGO