
Zwou ganz verschidde Kënschtlerinnen, aus zwou verschiddene Generatiounen, bei deenen een awer Gemeinsamkeeten an Iwwerschneidungen, Iwwergäng fënnt - esou kann een d’Ausstellung Layers vum Malou Faber-Hilbert am Christine Faber graff resuméieren.
De Point commun tëscht Mamm an Duechter sinn ënnert anerem eben déi sougenannten “Layers”, also d’Schichten.
D’Malou Faber-Hilbert schafft op Toillen, op déi d’Faarf Schicht fir Schicht opgedroe gëtt. De Prozess ass e laangen, duerch deen eng Déift am Bild entseet. Abstrakt Landschaften oder deels ugedeite Figure fënnt een an de Wierker vun der Kënschtlerin.
Hir Duechter, d’Christine Faber schafft och mat Schichten a kombinéiert Pabeiercollagen, Aquarell, Acryl an och mol Fineliner-Zeechnunge fir abstrakt Kompositiounen ze erstellen.

Fir déi éischt gemeinsam Ausstellung hu béid Kënschtlerinne versicht en Dialog tëscht béiden Aarbechten ze kreéieren. D’Malou Faber-Hilbert huet sech vun hirer Duechter inspiréiert an zum Beispill hir méi äerdeg Téin, mat deenen si normalerweis schafft, mat méi kräftege Faarwen ersat.
D’Christine Faber huet zum Deel gemoolte Pabeier vun hirer Mamm an hir Collagen integréiert an sech och vun de Faarwe vun hiren Toille beaflosse gelooss.
Deen Dialog spigelt sech och am Accrochage vun der Expo erëm. D’Wierker vu béide Kënschtlerinnen hänken zum Deel vermëscht an net einfach niefteneen.

“Abstrakt Kompositiounen mat interessanten Déiften an eng spilleresch Manéier mat Texturen a Räimlechkeet ëmzegoen.” esou beschreift d’Malou Faber-Hilbert d’Aarbecht vun hirer Duechter.
D’Christine Faber nënnt seng Mamm an hir Konscht: “Aussdrocksstaark an intensiv Faarwkontraster, Wierker mat komplexen Texturen an eng villsäiteg Kënschtlerin”.
D’Ausstellung Layers kann ee vum 26. Oktober bis den 12. November an der Valentiny Foundation zu Rëmerschen gesinn.
De Vernissage ass den 26. Oktober vun 18h bis 20h.