"Friends"-StarMatthew Perry un Niewewierkung vu Medikament Ketamin gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Nom onerwaarten Doud vum Schauspiller Matthew Perry huet e Patholog elo e Rapport publizéiert.
© AFP (Archiv)

Deemno ass de Schauspiller un den “akuten Auswierkunge vu Ketamin” gestuerwen. Ketamin ass ee Medikament, dat fir d’Behandlung vun Depressiounen agesat gëtt. Donieft gëtt et och als Partydrog benotzt.

Aus dem toxikologesche Rapport vum Los Angeles County Medical Examiner’s Office geet ervir, datt de Perry annerhallef Woch viru sengem Doud eng Infusiounstherapie mat Ketamin géint Depressiounen an Angschtzoustänn kritt hat. Ketamin hätt am Kierper vum Perry, sou de Patholog, souwuel zu enger Iwwerstimulatioun vum Häerz-Kreeslaf-System wéi och zu enger Otemdepressioun gefouert.

De Ketamin, deen zum Zäitpunkt vum Doud vum Perry a sengem Kierper war, kéint allerdéngs net vun der Therapie kommen, well Ketamin net esou laang am Kierper bleift.

Den 29. Oktober war de 54 Joer ale Schauspiller Matthew Perry dout a sengem Whirlpool fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO