
Wéi Sotheby’s matgedeelt huet, huet d’Wierk “Murnau mit Kirche II” e Mëttwoch den Owend fir 45 Milliounen Dollar - ëmgerechent 42,3 Milliounen Euro - de Proprietär gewiesselt. Esou vill gouf bis ewell nach ni fir e Kandinsky-Bild bezuelt.
D’Bild vun 1910, eng faarweg Usiicht vum uewerbayreschen Duerf Murnau mat sengem Kierchtuerm, huet eng mouvementéiert Geschicht: Et houng soss am Iesszëmmer vun de Berliner Judde Johanna Margarethe a Siegbert Stern. D’Textil-Entrepreneure waren an den 20er Joren zu Berlin an deene selwechte Kreesser doheem wéi den Thomas Mann, Franz Kafka an Albert Einstein. Si haten eng grouss Konschtsammlung aus ongeféier honnert Wierker an Zeechnungen opgebaut.
De Siegbert Stern ass 1935 gestuerwen. Seng Fra ass virun den Nazien an Holland geflücht, gouf awer gefaange geholl an ass 1944 am Vernichtungslager Auschwitz gestuerwen. D’Bild “Murnau mit Kirche II” aus hirem Mann senger Konschtsammlung houng vun 1951 un an engem Musée zu Eindhoven. Eréischt d’lescht Joer goung et nees un d’Ierwe vum Stern zeréck, déi et elo bei der Auktioun verkaf hunn.
Déi 13 Ierwen, ënnert hinnen och e Familljemember, dee sech wärend dem Krich selwer verstoppt hat, hunn den Erléis vum Wierk ënnerenee gedeelt. “Näischt kann d’Onrecht vun der Vergaangenheet réckgängeg maachen”, huet d’Famill erkläert. D’Restitutioun vum Bild wier fir d’Famill awer “immens wichteg” gewiescht, “well et sech ëm eng Unerkennung handelt an deelweis eng Wonn zoumécht, déi iwwer Generatiounen op bliwwen ass”.