
Dem George R. R. Martin seng Fantasy-Buchrei “A Song of Ice and Fire” war schonn e risege Succès, deen awer duerch den Hype ëm déi 8 Staffele vun der Serienadaptioun “Game of Thrones” nach eemol getoppt gouf.
Virun annerhallwem Joer scho war ugekënnegt ginn, dass eng fir 2022 geplangte Serie d’Virgeschicht (“House of the Dragon”) vun der Fantasy-Saga erziele sollt. Mä domat net genuch: “The Hollywood Reporter” no huet HBO den Auteur laangfristeg u sech gebonnen. Deemno soll den George R. R. Martin e 5-Jores-Kontrakt ënnerschriwwen hunn an dofir eng Zomm am mëttleren aachtstellege Beräich kréien. Eng ganz Rei Projete sinn am Kader vun der “Game of Thrones"-Saga geplangt.
Dem Bericht no soll den 72 Joer ale Martin fir HBO awer och nach eng aner Fantasyserie entwéckelen, nämlech “Who Fears Death” nom Debut mam selwechten Numm vum Nnedi Okorafor a “Roadmarks” nom Fantasyroman vum Roger Zelazny aus dem Joer 1979. Weider Detailer ginn et nach net.
Den Ament waarden d’Fans och ongedëlleg op déi geplangte Bänn 6 a 7 vun “A Song of Ice and Fire”.