Vum Iechternacher Park bis d'Beeforter SchlassMinister Eric Thill presentéiert Beispiller, wéi Tourismus a Kultur aneneegräifen

Marc Hoscheid
Marlène Clement
Et goung ënnert anerem ëm de renovéierte Rococo-Pavillon an een neie Museksfestival. D'Campinger zéien iwwerdeems ee ganz gudden Tëschebilan.

Déi éischt Etapp war Iechternach, méi genee den historesche Stadpark. Dee war duerch d'Héichwaasser viru fënnef Joer nawell zolidd beschiedegt ginn, ma mëttlerweil gouf en awer zu engem gudden Deel nees an d'Rei gemaach. D'Aarbechte solle spéitstens 2028 ofgeschloss sinn an am Endeffekt 3 Milliounen Euro kaschten. De Rococo-Pavillon ass iwwerdeems scho fäerdeg restauréiert. Hei haten d'Aarbechte schonn 2017 ugefaangen.

Minister Eric Thill presentéiert Beispiller, wéi Tourismus a Kultur aneneegräife
Et goung ënnert anerem ëm de renovéierte Rococo-Pavillon an een neie Museksfestival. D'Campinger zéien iwwerdeems ee ganz gudden Tëschebilan.

De Patrick Sanavia, Direkter vum INPA: "Mir wollten am Fong just den Daach reparéieren, du hu mer awer fonnt, datt e ganz futti wär, e gouf also ganz ersat, alles wat Der hei gesitt, ass nei um Daach. Wéi den Daach bis gefléckt war, hu mer gemierkt, datt d'Waasser no bannen, wat schonn do war an de Maueren, definitiv erauszéie wollt, dat heescht, do hate mer bannendran op eemol alles schwaarz an du hu mer eis gesot, lo maache mer eng uerdentlech Gesamtrestauratioun." An Zukunft kann de Pavillon zum Beispill fir zivil Bestietnisser genotzt ginn.

Dono goung d'Rees weider op Bäerdref, méi genee op de Camping Martbusch. Hei gouf eng Zort Tëschebilan vun der Campingsaison gezunn. An dee fält extrem positiv aus. Et schéngt nämlech, datt een de Rekord u Leit, deen am leschte Joer opgestallt gouf, nach eng Kéier verbesseren dierft. An do kéint och d'Wieder a Südeuropa eng Roll spillen.

D'Florence Kirtz, Presidentin vun der Camprilux: "Mir hunn et nach net mat deenen extreeme Graden ze doe wéi halt eben am Süden an ech huelen net un, datt d'Leit da gäre wëlle sou wäit mat de Kanner reesen an datt se da kuerz hei iwwert d'Grenz kommen. Hei kënne se da méi Natur erliewen an op d'mannst Saachen ënnerhuelen, déi se bei 40 Grad ënnen am Süde vläicht net méi kënne maachen." Ënnerstrach gouf ënnert anerem d'Bedeitung vun enger gudder Beschëlderung vun de Spadséier- a Vëlosweeër.

Als lescht stoung dunn d'Beeforter Schlass respektiv d'Schlässer um Programm. Den 22. August gëtt hei déi éischt Editioun vum Festival "Stones in Vibration" organiséiert. Nieft Musek, déi vu Pop iwwert Elektro bis bei Rap fir Kanner reecht, ginn hei och nach eng Partie aner Saachen ugebueden.

Tourismus a Kultur kombinéieren / Rep. Marlène Clement

Den David Galassi hëlleft bei der Realiséierung vum Festival: "Et si Creators do, et ass ee Creators-Market, mir hu e Foodvillage, mir hunn Animatioun fir Jonk an Al an da kommen natierlech nach sou Experienze wéi AR, Augmented reality, dobäi, wou d'Leit kënnen eng Visitt duerch d'Schlass maachen, also duerch d'Buerg an d'Schlass mat Augmented reality."

Dee Festival soll an Zukunft ëmmer op engem aneren historesche Site organiséiert ginn.

D'Iddi, fir Kultur an Tourismus mateneen ze verbannen, ass net nei. Et wëllt een op deem opbauen, wat schonn do ass, awer och nei Aspekter fërderen. esou de Kultur- an delegéierten Tourismusminister Eric Thill:

"Dee ganze Volet Gravel-Sport, de Gravel-Vëlo, wou mer nieft dem Cyclotourist, also dem klassesche Vëlosfuerer op der Strooss, de Mountainbike och elo gesinn, datt et am Ausland och ganz vill Interessi um Gravel gëtt. An do hu mir als Lëtzebuerger Land mat eiser Topographie, wou mer awer ganz vill Feldweeër schonn hunn, existéierend Weeër an der Natur, ganz flott Moyenen, fir do weiderzefueren."

Am Idealfall krit een et och fäerdeg, de Businesstourismus mam Kulturtourismus ze verknëppen.

Back to Top
CIM LOGO